1. Journée de commémoration nationale: Proklamatioun vun der Regierung
Um nationale Gedenkdag läit der Lëtzebuerger Regierung alles drun, fir Merci ze soen a fir hiren
déifste Respekt auszedrécke vis-à-vis vun deenen, déi viru genee 75 Joer Courage gewisen hunn
a bei der Personenstandsaufnahme en Zeeche gesat hunn, en Zeechen, wat wesentlech derzou
bäigedroen huet, dass mir zu Lëtzebuerg haut eng Eegestännegkeet an en onofhängegt
Zesummeliewen dierfe genéissen.
Mat all Joer, dat vergeet, gëtt d’Erënnerung un déi grujeleg Zäit vum Zweete Weltkrich méi
schwéier an d’Bild vu Misär, vu Leed a vun Trauer gëtt méi dréif. Et ass fir
d’Nokrichsgeneratioune kaum nach virstellbar, wat d’Realitéit an de Krichsjore war a wéi den
Alldag zu Lëtzebuerg ënnert dem Drock vum Okkupant ausgesinn huet. Nodeems am Summer
1942 d’Nazien zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn d’Jugend ze zwangsrekrutéieren, war de
Widderstand an der Populatioun enorm. Dat huet derzou gefouert, dass den Naziokkupant och
mat haarder Hand géint d’Lëtzebuerger agéiert huet. Fraen, Kanner, Männer, Aler a Jonker
goufe verhaft, deportéiert an dacks zu Doud gefoltert.
D’Lëtzebuerger hunn awer deemools zesummegehalen, se hu sech gestäipt géint eng Muecht,
géint déi se am Fong keng Chance haten. D’Lëtzebuerger ware staark, well se sech net
auserneendreiwe gelooss hunn a solidaresch waren – solidaresch als Natioun, als Vollek an als
einfach Mënschen, déi wossten, wat richteg a wat falsch war. Uechter d’Land ware Männer
verstoppt, déi aus der Wehrmacht desertéiert haten. Op Späicheren, a Kelleren, a Scheieren,
Hielen an Hütte ware ganz Familljen ënnerbruecht, déi virun de Nazien hate misse fortlafen.
Mir waren deemools Flüchtlingen am eegene Land a konnten op Hëllef zielen.
Hëllef gouf et awer och vu baussen. Déi Alliéiert sinn 1944 an der Normandie gelant an hunn
der Hoffnung nees eng Chance ginn. De Krich war fir Europa a fir Lëtzebuerg nach laang net
eriwwer a mat der Ardennenoffensiv sollt et esouguer nach en trauregen Héichpunkt an eise
Géigende ginn. Mat der Hëllef vun den Zaldoten, déi wäit gereest waren, fir sech den Nazien an
de Wee ze stellen an der Ënnerdréckung en Enn ze maachen, konnt eist Land am Fréijoer 1945
awer nees Loft huelen an de luesen a schwéiere Wee vum Neesopbau goen.
D’Generatioune vun haut hunn hir Fräiheet, hir Onofhängegkeet, de Fridden an de Wuelstand
deenen ze verdanken, déi sech deemools gewiert hunn, deenen, déi hiert eegent Liewen op
d’Spill gesat a verluer hunn. D’Affer vum Zweete Weltkrich si fir hiert Land gestuerwen, fir eng
fräi Gesellschaft a se si fir d’Generatiounen no hinnen – also fir eis –gestuerwen.
2. Un dës couragéiert Fraen a Männer erënnere mir haut, mir halen een Ament stëll an denken u
si. Mir soe Merci a mir verflichten eis, dat Ierwen, dat si eis hannerlooss hunn, héichzehalen.
Mir hunn d’Responsabilitéit an d’Obligatioun, eis och haut fir eng fräi Gesellschaft, fir e
solidarescht Europa anzesetzen a fir d’Wäerter vun Humanitéit an Toleranz a fir de Respekt vun
de Mënscherechter ze kämpfen.
Lëtzebuerg, den 9. Oktober 2016
D’Membere vun der Regierung
Xavier BETTEL, Étienne SCHNEIDER, Jean ASSELBORN, Félix BRAZ, Nicolas SCHMIT,
Romain SCHNEIDER, François BAUSCH, Fernand ETGEN, Marc HANSEN, Pierre GRAMEGNA,
Lydia MUTSCH, Dan KERSCH, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG,
Camille GIRA, Francine CLOSENER, Guy ARENDT
2/2