SlideShare ist ein Scribd-Unternehmen logo
1 von 3
Downloaden Sie, um offline zu lesen
Dossier de presse
Embargo : mardi 29.04.2014 à 17 heures
Séance académique
«175e
anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg»
29 avril 2014
Discours
du président de la Chambre des députés, Mars Di Bartolomeo
(langue : luxembourgeois)
Altesses Royales,
Exzellenzen,
Dir Dammen an Dir Hären,
Wéi Lëtzebuerg virun 175 Joer en eegestännegt Land ginn ass, hunn déi meescht vu menge
Virfahren nach an den italieneschen Abruzzen, a Frankräich oder an Däitschland gelieft. Si sinn
nom 1. Weltkrich op Lëtzebuerg komm an hunn, wéi zéngdausenden aner Lëtzebuerger an
Netlëtzebuerger, an der Minière oder op der Schmelz matgehollef, dat haitegt Lëtzebuerg
opzebauen.
Mär geet et domat wéi ganz ville Lëtzebuerger: Mär sinn all e Stéck Lëtzebuerg, déi eng scho
méi laang, déi aner e bësse manner laang, mä all Membere vun därselwechter Communautéit.
Wéi Lëtzebuerg 1839 onofhängeg ginn ass, war et e klengt Land mat engem internationale
Statut a vill méi enke Grenze wéi virun der Onofhängegkeet. Et war eng Monarchie ouni eegene
Monarch, déi staatlech Institutioune waren embryonär, d’Land war zimlech aarm, et gouf net
vill Industrie oder Commerce. Virun 175 Joer hu vill Lëtzebuerger missen auswanderen, fir an
Amerika oder soss op der Welt nei unzefänken.
Tëscht deemools an haut leie Welten, och wann eis Landesgrenzen net changéiert hunn. Wa
mär haut zesumme feieren, da feiere mär en historeschen Datum, mä mär feieren och dat, wat
mär iwwer Generatiounen aus dem Cadeau vun der Geschicht gemaach hunn.
An do däerf ee sech freeën, datt mär haut eng modern Demokratie sinn, déi weider perfektibel
bleift. Dat huet och de Michel Pauly ganz gutt eriwwerbruecht. Mär däerfen eis iwwer Fräiheet,
Solidaritéit heibannen an no bausse freeën, déi niewent der Gerechtegkeet, un där mär nach
schaffe mussen, den Zement vun eiser faarweger Communautéit sinn.
Mär hunn et fäerdegbruecht, eng staark Industrie opzebauen, déi mär och haut nach brauchen.
Mär hunn d’Wirtschaft diversifizéiert - déi Diversifikatioun muss ongebremst weidergoen -, sinn
haut eng vun deene bedeitendste Finanzplazen a gehéieren am Satellitewiesen zu de weltwäite
Leaderen.
Lëtzebuerg huet d’Europäesch Unioun mat gegrënnt, den Euro mat geprägt an dat klengt
Lëtzebuerg ass haut Member am Weltsécherheetsrot.
Wa mär haut ee vun de weltbeschte Sozialsystemer hunn, mat fräiem an universellen Zougank
zu qualitativ exzellente Leeschtungen, dann hu mer dat enger staarker Aarbechterbewegung,
engem Sozialdialog, dee progressiv opgebaut an erkämpft gouf, an der Erkenntnis ze
verdanken, datt de wirtschaftlechen Erfolleg am Déngscht vun engem gerechte Sozialsystem
muss stoen.
Haut hu mär hei zu Lëtzebuerg net vill manner Aarbechtsplaze wéi Awunner, an et kommen all
Dag iwwer 160.000 Noperen iwwert d’Grenzen, fir hei ze schaffen. Leider gëtt dat oft
iwwersinn, wann ee vu baussen op Lëtzebuerg kuckt oder mam Fanger op eis weist. Doniewent
liewen hei am Land ongeféier 240.000 Leit, déi zwar net eis Nationalitéit hunn, mä en Deel vum
haitege multikulturelle Lëtzebuerg sinn.
Lëtzebuerg wier also haut net dat wat et ass, wann et deemools bliwwe wär wat et war. Wéilte
mär dohin zréck, da misste mär elo mat Karacho de Réckgank aleeën. Mä dat wëllt keen, well
och wa Villes anescht, oft besser ginn ass, ass Wichteges, jo Iwwerliewenswichteges bliwwen.
Eis Lëtzebuerger Sprooch huet eis zesummegehalen, eis Villsproochegkeet war an ass de
Schlëssel, deen eis vill Dieren opgemaach huet.
Eis Eegestännegkeet huet eis Weeër a staark europäesch an international Partnerschaften
erméiglecht, bei deene mär zwar en Deel vun eiser Onofhängegkeet abruecht hunn, mä un
Afloss, un Opportunitéite gewonnen hunn, déi a kenger Relatioun zu eiser territorialer
Winzegkeet stinn.
Eis Identitéit, déi staark vun eiser Diversitéit geprägt ass, gekoppelt mat engem oppene
Geescht, de Pionéiergeescht, deen eis a Secteure staark gemaach huet, fir déi mär eigentlech
vill ze kleng waren, an eis Solidaritéit, wann et drop ukënnt, däerfe mär net a Fro stellen.
Zesummen, am Dialog, hu mär et zum Beispill fäerdegbruecht, wéi d’Stolkris eis an de 70er
Joren haart getraff huet, Zéngdausenden eng Aarbecht ze erhalen. A wa mär dat wierklech
zesummen zu eiser éischter Prioritéit maachen, musse mär et och packen, fir haut Dausende vu
Leit, déi eng Aarbecht sichen, eng Schaff ze ginn.
Wa mär et fäerdegbruecht hunn, Lëtzebuerg nom Krich nees opzebauen, da musse mär et och
fäerdegbréngen, déi Wunnengen ze bauen, déi mär brauchen, fir jiddwerengem e bezuelbaren
Daach iwwert dem Kapp ze sécheren.
2/3
Zu gudder Lescht wäerte mär et och fäerdegbréngen, eis Finanzen erëm an d’Rei ze bréngen, fir
eis wonnerbar Sozialsystemer ofzesécheren, wa mär d’Laaschte gerecht verdeelen.
Altesses Royales, Dir Dammen an Dir Hären,
Déi lescht 175 Joer mat Héichten an Déiften, an déi ech mech bei der Virbereedung vun dësen
Iwwerleeungen eragelieft hunn, hu mech dovun iwwerzeegt, datt mär keng Angscht virun der
Zukunft brauchen ze hunn.
A wa mär eis op eis Stäerkte besënnen a bedenken, wat déi viregt Generatiounen ënner oft
schwierege Konditioune geleescht hunn, da wäerte mär et ënner wesentlech bessere
Konditiounen och packen, Lëtzebuerg virunzebréngen.
Ech soen Iech Merci.
3/3

Más contenido relacionado

Mehr von Luxemburger Wort

Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Luxemburger Wort
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Luxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docxLuxemburger Wort
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdfLuxemburger Wort
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Luxemburger Wort
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortLuxemburger Wort
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseLuxemburger Wort
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounLuxemburger Wort
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Luxemburger Wort
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021Luxemburger Wort
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenLuxemburger Wort
 
Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Luxemburger Wort
 

Mehr von Luxemburger Wort (20)

Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
 
Tripartite-Abkommen
Tripartite-AbkommenTripartite-Abkommen
Tripartite-Abkommen
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
 
Plan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdfPlan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdf
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
 
Pol Aschman Braderie 1971
Pol Aschman Braderie 1971Pol Aschman Braderie 1971
Pol Aschman Braderie 1971
 
Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien
 

Dossier discours mars_di_bartolomeo_lu_29.04.2014

  • 1. Dossier de presse Embargo : mardi 29.04.2014 à 17 heures Séance académique «175e anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg» 29 avril 2014 Discours du président de la Chambre des députés, Mars Di Bartolomeo (langue : luxembourgeois) Altesses Royales, Exzellenzen, Dir Dammen an Dir Hären, Wéi Lëtzebuerg virun 175 Joer en eegestännegt Land ginn ass, hunn déi meescht vu menge Virfahren nach an den italieneschen Abruzzen, a Frankräich oder an Däitschland gelieft. Si sinn nom 1. Weltkrich op Lëtzebuerg komm an hunn, wéi zéngdausenden aner Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger, an der Minière oder op der Schmelz matgehollef, dat haitegt Lëtzebuerg opzebauen. Mär geet et domat wéi ganz ville Lëtzebuerger: Mär sinn all e Stéck Lëtzebuerg, déi eng scho méi laang, déi aner e bësse manner laang, mä all Membere vun därselwechter Communautéit. Wéi Lëtzebuerg 1839 onofhängeg ginn ass, war et e klengt Land mat engem internationale Statut a vill méi enke Grenze wéi virun der Onofhängegkeet. Et war eng Monarchie ouni eegene Monarch, déi staatlech Institutioune waren embryonär, d’Land war zimlech aarm, et gouf net vill Industrie oder Commerce. Virun 175 Joer hu vill Lëtzebuerger missen auswanderen, fir an Amerika oder soss op der Welt nei unzefänken. Tëscht deemools an haut leie Welten, och wann eis Landesgrenzen net changéiert hunn. Wa mär haut zesumme feieren, da feiere mär en historeschen Datum, mä mär feieren och dat, wat mär iwwer Generatiounen aus dem Cadeau vun der Geschicht gemaach hunn. An do däerf ee sech freeën, datt mär haut eng modern Demokratie sinn, déi weider perfektibel bleift. Dat huet och de Michel Pauly ganz gutt eriwwerbruecht. Mär däerfen eis iwwer Fräiheet, Solidaritéit heibannen an no bausse freeën, déi niewent der Gerechtegkeet, un där mär nach schaffe mussen, den Zement vun eiser faarweger Communautéit sinn.
  • 2. Mär hunn et fäerdegbruecht, eng staark Industrie opzebauen, déi mär och haut nach brauchen. Mär hunn d’Wirtschaft diversifizéiert - déi Diversifikatioun muss ongebremst weidergoen -, sinn haut eng vun deene bedeitendste Finanzplazen a gehéieren am Satellitewiesen zu de weltwäite Leaderen. Lëtzebuerg huet d’Europäesch Unioun mat gegrënnt, den Euro mat geprägt an dat klengt Lëtzebuerg ass haut Member am Weltsécherheetsrot. Wa mär haut ee vun de weltbeschte Sozialsystemer hunn, mat fräiem an universellen Zougank zu qualitativ exzellente Leeschtungen, dann hu mer dat enger staarker Aarbechterbewegung, engem Sozialdialog, dee progressiv opgebaut an erkämpft gouf, an der Erkenntnis ze verdanken, datt de wirtschaftlechen Erfolleg am Déngscht vun engem gerechte Sozialsystem muss stoen. Haut hu mär hei zu Lëtzebuerg net vill manner Aarbechtsplaze wéi Awunner, an et kommen all Dag iwwer 160.000 Noperen iwwert d’Grenzen, fir hei ze schaffen. Leider gëtt dat oft iwwersinn, wann ee vu baussen op Lëtzebuerg kuckt oder mam Fanger op eis weist. Doniewent liewen hei am Land ongeféier 240.000 Leit, déi zwar net eis Nationalitéit hunn, mä en Deel vum haitege multikulturelle Lëtzebuerg sinn. Lëtzebuerg wier also haut net dat wat et ass, wann et deemools bliwwe wär wat et war. Wéilte mär dohin zréck, da misste mär elo mat Karacho de Réckgank aleeën. Mä dat wëllt keen, well och wa Villes anescht, oft besser ginn ass, ass Wichteges, jo Iwwerliewenswichteges bliwwen. Eis Lëtzebuerger Sprooch huet eis zesummegehalen, eis Villsproochegkeet war an ass de Schlëssel, deen eis vill Dieren opgemaach huet. Eis Eegestännegkeet huet eis Weeër a staark europäesch an international Partnerschaften erméiglecht, bei deene mär zwar en Deel vun eiser Onofhängegkeet abruecht hunn, mä un Afloss, un Opportunitéite gewonnen hunn, déi a kenger Relatioun zu eiser territorialer Winzegkeet stinn. Eis Identitéit, déi staark vun eiser Diversitéit geprägt ass, gekoppelt mat engem oppene Geescht, de Pionéiergeescht, deen eis a Secteure staark gemaach huet, fir déi mär eigentlech vill ze kleng waren, an eis Solidaritéit, wann et drop ukënnt, däerfe mär net a Fro stellen. Zesummen, am Dialog, hu mär et zum Beispill fäerdegbruecht, wéi d’Stolkris eis an de 70er Joren haart getraff huet, Zéngdausenden eng Aarbecht ze erhalen. A wa mär dat wierklech zesummen zu eiser éischter Prioritéit maachen, musse mär et och packen, fir haut Dausende vu Leit, déi eng Aarbecht sichen, eng Schaff ze ginn. Wa mär et fäerdegbruecht hunn, Lëtzebuerg nom Krich nees opzebauen, da musse mär et och fäerdegbréngen, déi Wunnengen ze bauen, déi mär brauchen, fir jiddwerengem e bezuelbaren Daach iwwert dem Kapp ze sécheren. 2/3
  • 3. Zu gudder Lescht wäerte mär et och fäerdegbréngen, eis Finanzen erëm an d’Rei ze bréngen, fir eis wonnerbar Sozialsystemer ofzesécheren, wa mär d’Laaschte gerecht verdeelen. Altesses Royales, Dir Dammen an Dir Hären, Déi lescht 175 Joer mat Héichten an Déiften, an déi ech mech bei der Virbereedung vun dësen Iwwerleeungen eragelieft hunn, hu mech dovun iwwerzeegt, datt mär keng Angscht virun der Zukunft brauchen ze hunn. A wa mär eis op eis Stäerkte besënnen a bedenken, wat déi viregt Generatiounen ënner oft schwierege Konditioune geleescht hunn, da wäerte mär et ënner wesentlech bessere Konditiounen och packen, Lëtzebuerg virunzebréngen. Ech soen Iech Merci. 3/3