SlideShare ist ein Scribd-Unternehmen logo
1 von 3
Dossier de presse
Embargo : mardi 29.04.2014 à 17 heures
Séance académique
«175e
anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg»
29 avril 2014
Discours
de S.A.R. le Grand-Duc
(langue : luxembourgeois)
Här President vun der Chamber,
Här Staatsminister,
Exzellenzen,
Dir Dammen an Dir Hären,
Zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie sinn ech
besonnesch frou, dësen wichtegen Gebuertsdag mat Iech ze deelen.
Wann e Land seng Onofhängegkeet feiert, dann ass dat e gléckleche Moment an der Geschicht
vu sengem Vollek. Dacks gëtt e Grënnungsdatum, de Joresdag vun enger Befreiung, engem
militäreschen Erfolleg, jo souguer vun engem Opstand oder enger Revolutioun zelebréiert.
Heiansdo huet d’Fräiheet mussen eruewert ginn, op Käschten vun trageschen Evenementer.
Um Enn ass et awer dat glécklecht Resultat wat zielt, a wat de Verhalt vun deenen ausmécht,
déi sech erënneren.
Fir Lëtzebuerg gëllen des allgemeng Regelen kaum oder guer net.
Fir d’éischt ass de Grënnungsdatum ëmstridden. Souwéi den Här Pauly et a sengem exzellenten
Exposé gesot huet, suergt den Datum vun der Onofhängegkeet haut nach fir Diskussiounen.
Dee vun 1815, also vum Wiener Kongress, schéngt fir Verschidden méi pertinent ze sinn. Dat
hätt och als Konsequenz, datt mir eis an engem Joer missten erëm gesinn, fir de Bicentenaire
vum Grand-Duché.
Dëser Réflexioun kéint een entgéint halen, dat eréischt zënter dem Londoner Traité vun 1839,
Steen fir Steen, den zukünftege Lëtzebuerger Staat opgebaut gouf. 1839 däerf een also als
Ausgangspunkt ugesinn. D‘Commemoratioun vun haut ass also eng ganz legitime.
Déi zweet Ursaach vun dëser Lëtzebuerger Exceptioun huet nach méi e fundamentale
Charakter. Sie huet domadder ze dinn, dass dëse Moment vun der Onofhängegkeet net vu
Freed begleet gouf. D’Lëtzebuerger waren net glécklech deen Ablack, éischter zimlech traureg.
De Gilbert Trausch huet a sengem memorablen Discours bei Geleeënheet vum 150.
Anniversaire Folgendes gesot an ech zitéieren: « Notre commémoration d’aujourd’hui ne
célèbre pas le partage de 1839 qui a été un événement triste, douloureux car la volonté des
Luxembourgeois a été méconnue, bafouée. Notre fête d’aujourd’hui veut rappeler ce que les
Luxembourgeois ont fait depuis 1839 de l’une des moitiés du Luxembourg, à savoir un Etat libre
et souverain qui a fini par trouver sa place originale dans le monde ».
Eigentlech konnt een sech kaum eng méi schwéier Situatioun virstellen:
E Staat huet missten opgebaut ginn; et gouf kee richtegt Nationalgefill; an Europa hunn
d’Groussmiecht alles diktéiert; de lëtzebuerger Territoire wor kleng, an dobäi och nach aarm.
De Wee vun der Natioun an d’Souveränitéit wor dofir extrem holpreg. An dach gouf et dat
„lëtzebuergescht Wonner“.
Elo kann een un d’Providence gleewen, oder un d‘Gesetzer vum Zoufall an der Chance;
trotzdem musse mir feststellen, dass déi Generatioune vun Lëtzebuerger zanter 1839 hiert
Schicksal fest an d’Hand geholl hunn. Dëse Verdéngscht ass dofir ëmsou méi grouss, well eist
Temperament vun Natur aus éischter reservéiert ass. D’Geschicht an dat gemeinsamt Schicksal
hunn d’Natioun dozou forcéiert, sech am Laf vun der Zäit ze behaapten. Haut kënne mir soen,
dass dat eng Réussite ass.
Wéi 1939 den Centenaire gefeiert gouf, konnt meng Groussmamm, d’Grande-Duchesse
Charlotte op dëser Plaatz , houfreg zeréckkucken op de Wee vun der jonker Natioun an den
modernen Industriestaat. An hirer Konklusioun lancéiert d’Grande-Duchesse « un cri du cœur
» : « le Luxembourg avec l’aide de Dieu ne périra jamais !». Dësen Ausruff beweist jiddefalls,
wéi erdréckend deemools de Schied vun dem mächtegen Noper vun der anerer Säit vun der
Musel wor. Ech wëll awer och déi Sätz voller Hoffnung an Viraussiicht ënnersträichen, déi meng
Groussmamm bei dëser Geleeënheet prononcéiert huet. « Conçu sur la seule base du droit
international, puisant toute sa sécurité dans le respect des traités, dont son indépendance est
issue, notre petit peuple a traversé l’histoire contemporaine comme le symbole vivant de cette
organisation pacifique de l’Europe, à laquelle toutes les nations aspirent si ardemment.
Pourquoi serait-il téméraire de notre part d’espérer qu’un jour prochain elle deviendra une
réalité concrète et d’envisager l’avenir de notre pays avec la confiance que nous tirons de notre
droit incontestable et des relations amicales que nous désirons entretenir avec tous nos
voisins ? ».
Wéi am Joer 1989 mäi Papp, den Grand-Duc Jean den 150. Anniversaire presidéiert, ass et en
radikalt verschiddent Ëmfeld wat sech opdeet. D‘Garantie vun den Groussmuechten ass keng
Viraussetzung méi fir d’Bestoe vun eisem Land. Duerch déi europäesch Konstruktioun, déi aus
de Ruinen vum Krich entstanen ass, konnt Lëtzebuerg déi existenziell Bedrohungen ofleeën a
seng Plaatz am Concert vun den Natiounen fannen. De Grand-Duc Jean huet bei dëser
Geleeënheet affirméiert: « On ne saurait méconnaître le rôle éminent joué par les diverses
organisations internationales ici représentées. Dans leur cadre, le Luxembourg a trouvé la
meilleure réalisation de sa vocation internationale et européenne. ».
2/3
Wéi wichteg och ëmmer déi international Organisatioune sinn, bréngt awer déi europäesch
Konstruktioun eng fundamental nei Donne. Als Pionéier a Grënnungsmember vun dëser
Gemeinschaft, trëtt Lëtzebuerg Deeler vun senger Souveränitéit fräiwëlleg of.
Bedéngt duerch seng Geschicht, seng Geographie a seng Gréisst, huet eist Land séier verstanen,
datt duerch en Transfert vun senger Souveränitéit et seng Décisiounsgewalt verstäerke konnt.
1989 war gëscht. Deemools wor Villes nach anescht. En Rideau aus Eisen huet Europa
gespléckt, déi europäesch Währung war en zimlech vague Projet, d‘Wirtschaftsgemeinschaft
ass vun 12 Member Staaten gebaut ginn. Dat war en anert Europa.
Haut, 25 Joer méi spéit, stellen sech Lëtzebuerg ganz aner Erausfuerderungen. Mir sinn vill méi
siichtbar ginn. Eis Diplomatie huet sech an dem Moos opgedoen, dat eise Staat haut am
Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen siegéiert. Des gesteigert Siichtbarkeet bréngt eis
heiansdo och ganz schaarf Kritiken an. D‘Europäesch Unioun huet qualitativ ewei quantitativ
nei Dimensioune kritt. D’Finanzkris huet eis gezwongen, Décisiounen an der Urgence ze treffen.
Wahrscheinlech ass eng méi grouss wirtschaftlech Integratioun an Zukunft noutwendeg, fir
d’Eurozone ze consolidéieren. Schlussendlech ass et e méi schwéieren Exercice, seng Intressen
an engem Ensembel vun 28 Staaten ze verdeedegen.
Mir mussen och iwwer nei Horizonter kucken. D’Entstoen vun enger multipolarer Welt zwéngt
eis, nei Verbindungen mat anere Kontinenter ze sichen. De Wuesstem vun der Economie
beschränkt sech net méi op Europa, ganz am Géigendeel.
Trotz dëser verännerter Realitéit an deenen neien Erausfuerderungen, bleift déi nämlecht
Ambivalenz vun de Lëtzebuerger bestoen. Eisen natierlechen Hang verleed eis dozou,
Stabilitéit, Sécherheet unzestriewen oder dat Ereechtend ze erhalen. Eise Verstand an déi
besote Changementer drängen eis allerdéngs dozou, eis op ze maachen, auszetauschen mat
deenen aneren, eis unzepassen an eis a Fro ze stellen.
Dobäi hu mir iwwerhaapt kee Grond fir Angscht ze hunn, well mir halen all Chancen op eiser
Säit: e besonneschen Liewensraum, eng wäitgehend präservéiert Natur, ee vun den héchsten
Liewensstandarden, an eng multi-kulturell Bevëlkerung.
Duerfir géing ech mech ofschléissend gären un eis Jugend wenden, déi d‘Lëtzebuerg vun mar
duerstellt. Zwou Saachen wéilt ech hir soen:
déi Éischt, datt d‘Onofhängegkeet, déi Lëtzebuerg gedëlleg iwwert Joerzéngten eruewert huet,
op Käschten heiansdo vu schreckleche Sakrifissen, kengesfalls eng historesch Donnée ass. Dat
ass eppes wat all Generatioun sech nei erschaffen muss. Vergiesse mir dat nie!
Déi Zweet ass, datt d’Stäerkt vu Lëtzebuerg a senger Fähegkeet besteet, sech aneren
opzemaachen, an net am Zeréckzéien a sech selwer. Dës gëllt fir den Eenzelnen souwéi fir eis
Gesellschaft. An et ass dës Fähegkeet, déi eis Identitéit ausmécht, op déi mir zu Recht houfreg
kënne sinn.
3/3

Weitere ähnliche Inhalte

Mehr von Luxemburger Wort

Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Luxemburger Wort
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Luxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docxLuxemburger Wort
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdfLuxemburger Wort
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Luxemburger Wort
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortLuxemburger Wort
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseLuxemburger Wort
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounLuxemburger Wort
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Luxemburger Wort
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021Luxemburger Wort
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenLuxemburger Wort
 
Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Luxemburger Wort
 

Mehr von Luxemburger Wort (20)

Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
 
Tripartite-Abkommen
Tripartite-AbkommenTripartite-Abkommen
Tripartite-Abkommen
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
 
Plan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdfPlan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdf
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
 
Pol Aschman Braderie 1971
Pol Aschman Braderie 1971Pol Aschman Braderie 1971
Pol Aschman Braderie 1971
 
Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien
 

Dossier discours s a r _le_grand-duc_lu_29 04 2014

  • 1. Dossier de presse Embargo : mardi 29.04.2014 à 17 heures Séance académique «175e anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg» 29 avril 2014 Discours de S.A.R. le Grand-Duc (langue : luxembourgeois) Här President vun der Chamber, Här Staatsminister, Exzellenzen, Dir Dammen an Dir Hären, Zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie sinn ech besonnesch frou, dësen wichtegen Gebuertsdag mat Iech ze deelen. Wann e Land seng Onofhängegkeet feiert, dann ass dat e gléckleche Moment an der Geschicht vu sengem Vollek. Dacks gëtt e Grënnungsdatum, de Joresdag vun enger Befreiung, engem militäreschen Erfolleg, jo souguer vun engem Opstand oder enger Revolutioun zelebréiert. Heiansdo huet d’Fräiheet mussen eruewert ginn, op Käschten vun trageschen Evenementer. Um Enn ass et awer dat glécklecht Resultat wat zielt, a wat de Verhalt vun deenen ausmécht, déi sech erënneren. Fir Lëtzebuerg gëllen des allgemeng Regelen kaum oder guer net. Fir d’éischt ass de Grënnungsdatum ëmstridden. Souwéi den Här Pauly et a sengem exzellenten Exposé gesot huet, suergt den Datum vun der Onofhängegkeet haut nach fir Diskussiounen. Dee vun 1815, also vum Wiener Kongress, schéngt fir Verschidden méi pertinent ze sinn. Dat hätt och als Konsequenz, datt mir eis an engem Joer missten erëm gesinn, fir de Bicentenaire vum Grand-Duché. Dëser Réflexioun kéint een entgéint halen, dat eréischt zënter dem Londoner Traité vun 1839, Steen fir Steen, den zukünftege Lëtzebuerger Staat opgebaut gouf. 1839 däerf een also als Ausgangspunkt ugesinn. D‘Commemoratioun vun haut ass also eng ganz legitime. Déi zweet Ursaach vun dëser Lëtzebuerger Exceptioun huet nach méi e fundamentale Charakter. Sie huet domadder ze dinn, dass dëse Moment vun der Onofhängegkeet net vu Freed begleet gouf. D’Lëtzebuerger waren net glécklech deen Ablack, éischter zimlech traureg.
  • 2. De Gilbert Trausch huet a sengem memorablen Discours bei Geleeënheet vum 150. Anniversaire Folgendes gesot an ech zitéieren: « Notre commémoration d’aujourd’hui ne célèbre pas le partage de 1839 qui a été un événement triste, douloureux car la volonté des Luxembourgeois a été méconnue, bafouée. Notre fête d’aujourd’hui veut rappeler ce que les Luxembourgeois ont fait depuis 1839 de l’une des moitiés du Luxembourg, à savoir un Etat libre et souverain qui a fini par trouver sa place originale dans le monde ». Eigentlech konnt een sech kaum eng méi schwéier Situatioun virstellen: E Staat huet missten opgebaut ginn; et gouf kee richtegt Nationalgefill; an Europa hunn d’Groussmiecht alles diktéiert; de lëtzebuerger Territoire wor kleng, an dobäi och nach aarm. De Wee vun der Natioun an d’Souveränitéit wor dofir extrem holpreg. An dach gouf et dat „lëtzebuergescht Wonner“. Elo kann een un d’Providence gleewen, oder un d‘Gesetzer vum Zoufall an der Chance; trotzdem musse mir feststellen, dass déi Generatioune vun Lëtzebuerger zanter 1839 hiert Schicksal fest an d’Hand geholl hunn. Dëse Verdéngscht ass dofir ëmsou méi grouss, well eist Temperament vun Natur aus éischter reservéiert ass. D’Geschicht an dat gemeinsamt Schicksal hunn d’Natioun dozou forcéiert, sech am Laf vun der Zäit ze behaapten. Haut kënne mir soen, dass dat eng Réussite ass. Wéi 1939 den Centenaire gefeiert gouf, konnt meng Groussmamm, d’Grande-Duchesse Charlotte op dëser Plaatz , houfreg zeréckkucken op de Wee vun der jonker Natioun an den modernen Industriestaat. An hirer Konklusioun lancéiert d’Grande-Duchesse « un cri du cœur » : « le Luxembourg avec l’aide de Dieu ne périra jamais !». Dësen Ausruff beweist jiddefalls, wéi erdréckend deemools de Schied vun dem mächtegen Noper vun der anerer Säit vun der Musel wor. Ech wëll awer och déi Sätz voller Hoffnung an Viraussiicht ënnersträichen, déi meng Groussmamm bei dëser Geleeënheet prononcéiert huet. « Conçu sur la seule base du droit international, puisant toute sa sécurité dans le respect des traités, dont son indépendance est issue, notre petit peuple a traversé l’histoire contemporaine comme le symbole vivant de cette organisation pacifique de l’Europe, à laquelle toutes les nations aspirent si ardemment. Pourquoi serait-il téméraire de notre part d’espérer qu’un jour prochain elle deviendra une réalité concrète et d’envisager l’avenir de notre pays avec la confiance que nous tirons de notre droit incontestable et des relations amicales que nous désirons entretenir avec tous nos voisins ? ». Wéi am Joer 1989 mäi Papp, den Grand-Duc Jean den 150. Anniversaire presidéiert, ass et en radikalt verschiddent Ëmfeld wat sech opdeet. D‘Garantie vun den Groussmuechten ass keng Viraussetzung méi fir d’Bestoe vun eisem Land. Duerch déi europäesch Konstruktioun, déi aus de Ruinen vum Krich entstanen ass, konnt Lëtzebuerg déi existenziell Bedrohungen ofleeën a seng Plaatz am Concert vun den Natiounen fannen. De Grand-Duc Jean huet bei dëser Geleeënheet affirméiert: « On ne saurait méconnaître le rôle éminent joué par les diverses organisations internationales ici représentées. Dans leur cadre, le Luxembourg a trouvé la meilleure réalisation de sa vocation internationale et européenne. ». 2/3
  • 3. Wéi wichteg och ëmmer déi international Organisatioune sinn, bréngt awer déi europäesch Konstruktioun eng fundamental nei Donne. Als Pionéier a Grënnungsmember vun dëser Gemeinschaft, trëtt Lëtzebuerg Deeler vun senger Souveränitéit fräiwëlleg of. Bedéngt duerch seng Geschicht, seng Geographie a seng Gréisst, huet eist Land séier verstanen, datt duerch en Transfert vun senger Souveränitéit et seng Décisiounsgewalt verstäerke konnt. 1989 war gëscht. Deemools wor Villes nach anescht. En Rideau aus Eisen huet Europa gespléckt, déi europäesch Währung war en zimlech vague Projet, d‘Wirtschaftsgemeinschaft ass vun 12 Member Staaten gebaut ginn. Dat war en anert Europa. Haut, 25 Joer méi spéit, stellen sech Lëtzebuerg ganz aner Erausfuerderungen. Mir sinn vill méi siichtbar ginn. Eis Diplomatie huet sech an dem Moos opgedoen, dat eise Staat haut am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen siegéiert. Des gesteigert Siichtbarkeet bréngt eis heiansdo och ganz schaarf Kritiken an. D‘Europäesch Unioun huet qualitativ ewei quantitativ nei Dimensioune kritt. D’Finanzkris huet eis gezwongen, Décisiounen an der Urgence ze treffen. Wahrscheinlech ass eng méi grouss wirtschaftlech Integratioun an Zukunft noutwendeg, fir d’Eurozone ze consolidéieren. Schlussendlech ass et e méi schwéieren Exercice, seng Intressen an engem Ensembel vun 28 Staaten ze verdeedegen. Mir mussen och iwwer nei Horizonter kucken. D’Entstoen vun enger multipolarer Welt zwéngt eis, nei Verbindungen mat anere Kontinenter ze sichen. De Wuesstem vun der Economie beschränkt sech net méi op Europa, ganz am Géigendeel. Trotz dëser verännerter Realitéit an deenen neien Erausfuerderungen, bleift déi nämlecht Ambivalenz vun de Lëtzebuerger bestoen. Eisen natierlechen Hang verleed eis dozou, Stabilitéit, Sécherheet unzestriewen oder dat Ereechtend ze erhalen. Eise Verstand an déi besote Changementer drängen eis allerdéngs dozou, eis op ze maachen, auszetauschen mat deenen aneren, eis unzepassen an eis a Fro ze stellen. Dobäi hu mir iwwerhaapt kee Grond fir Angscht ze hunn, well mir halen all Chancen op eiser Säit: e besonneschen Liewensraum, eng wäitgehend präservéiert Natur, ee vun den héchsten Liewensstandarden, an eng multi-kulturell Bevëlkerung. Duerfir géing ech mech ofschléissend gären un eis Jugend wenden, déi d‘Lëtzebuerg vun mar duerstellt. Zwou Saachen wéilt ech hir soen: déi Éischt, datt d‘Onofhängegkeet, déi Lëtzebuerg gedëlleg iwwert Joerzéngten eruewert huet, op Käschten heiansdo vu schreckleche Sakrifissen, kengesfalls eng historesch Donnée ass. Dat ass eppes wat all Generatioun sech nei erschaffen muss. Vergiesse mir dat nie! Déi Zweet ass, datt d’Stäerkt vu Lëtzebuerg a senger Fähegkeet besteet, sech aneren opzemaachen, an net am Zeréckzéien a sech selwer. Dës gëllt fir den Eenzelnen souwéi fir eis Gesellschaft. An et ass dës Fähegkeet, déi eis Identitéit ausmécht, op déi mir zu Recht houfreg kënne sinn. 3/3