Riéd op der Trap

1. Begréissung
Hubert:
Haut, ronn 50 Joer nom Bau vum LTMA, huet dat aalt Gebei seng bescht Zäit
hanneru...
d’Symbolik vun den rauen a gefaartenen, mee virun allem vun rebelleschen
an fortschrëttlechen Schüler.
Nët ëmsoss hu sech ...
Schüler engagéiert hunn, fir eng besser Bildung, fir eng besser Welt.... Et
sinn alternativ Léiermethoden ugewand ginn, et...
Nächste SlideShare
Wird geladen in …5
×

Lescht foto op der traap riéd op der trap

1.921 Aufrufe

Veröffentlicht am

discours de Hubert Hollerich et Valerija Berdi au LTMA le 11.01.2014

Veröffentlicht in: News & Politik
0 Kommentare
0 Gefällt mir
Statistik
Notizen
  • Als Erste(r) kommentieren

  • Gehören Sie zu den Ersten, denen das gefällt!

Keine Downloads
Aufrufe
Aufrufe insgesamt
1.921
Auf SlideShare
0
Aus Einbettungen
0
Anzahl an Einbettungen
1.402
Aktionen
Geteilt
0
Downloads
1
Kommentare
0
Gefällt mir
0
Einbettungen 0
Keine Einbettungen

Keine Notizen für die Folie

Lescht foto op der traap riéd op der trap

  1. 1. Riéd op der Trap 1. Begréissung Hubert: Haut, ronn 50 Joer nom Bau vum LTMA, huet dat aalt Gebei seng bescht Zäit hanneru sech. Et gett demnächst dem Erdbuedem gläichgemaach, zesumme mat der Trap. Déi Trap ass legendär! Ech sinn 1980 an de Mathias Adam komm an als 7eSpunt hunn ech ëmmer déi Schüler bewonnert, déi eng Plaz op der Trap kritt hunn. Ech hu séier raus fonnt, datt do eng gewëssen Hierarchie matgespillt huet. Et huet ee sech misse bewähren, fir eng Kéier ganz uewe kënnen ze stoën, fir ze fëmmen oder fir ze knutschen. Vun der Trap aus hat ee net nëmmen e gudden Iwwerbléck op de Rescht vum Schoulhaff, mee vun do aus goung et och an den Préau. Als Schüler vun den ënneschte Klassen war et eng Corvée sech de Wee bis uewen rop ze trauen. Méi wéi eng Kéier ass e schief bekuckt ginn, an et huet seng Zäit gedauert, bis een op der Trap acceptéiert ginn ass. Träppleck fir Träppleck huet een sech missten eropschaffen. Wéi ech bis d’Gefill hat, op der Trap geduldt ze sinn, hunn ech leider missen d’Schoul wiésselen an ech hat nie d’Chance fir uewen um leschten Träppleck unzekommen. Zum Schluss vu menger 3-jähreger Carrière am LTMA, hat ech awer d’Geleegenheet fir eng Kéier eng länger Zäit um ieweschten Träppléck ze stoen, dat war wéi ech op engem Schoulfest Guitar gespillt hunn. Mir hunn awer och Leit an eise Kreesser, déi eng Ofkiérzung geholl hunn oder einfach d’Trap ropp gefall sinn! Vally: Da muss du jo haut extra frou an extra houferesch sinn, datt s du d’Chance kritt hues, endlech hei uewen ukomm ze sinn, an als ee vun de Leschte hei därfen ze stoen a mat mir eng ze fëmmen! Ech hunn des Trap méi laang därfe genéissen, well et war jo net nëmmen d’Plaz, mee och den Potpourri vu Leit, dee sech hei getraff huet. Niéft dem Gefëmms a Geknutschs sinn awer op dëser Trap och intelligent Saache gemaach ginn. Den deemolegen Schülercomité huet hei seng Initiativen géint reell a gemengten Ongerechtegkeeten discutéiert an den Groupe d’Actions seng Aktivitéiten geplangt. D’Trap hat nët nëmmen
  2. 2. d’Symbolik vun den rauen a gefaartenen, mee virun allem vun rebelleschen an fortschrëttlechen Schüler. Nët ëmsoss hu sech eng Rei Proffen och op der Trap mat de Schüler getraff, während aneren se nach ëmmer en Dar am Aa war. Hubert: Vally, du seess et: Déi Schoul war tatsächlech eppes ganz Spezielles, och wa mer se oft verflucht hunn. Et ass dofir emsou méi bemierkenswert ze gesinn, wi vill Leit sech haut hei afond hunn, fir der Schoul matt hirer Trap Äddi ze soen. Loosse mer éierlech sinn: Den LTMA hat net ëmmer dee beschte Ruff, virun allem Enn de 70er/Ufank den 80er Joren. Am 6. Schouljor huet de Paschtouer eis an eis Eltere virum Péiténger Lycée gewarnt, déi Schoul wär voller Drogen an den Emgang wär schlecht. Meng Elteren hu mech trotzdem dohinner geschéckt an ech bereien et guer net! Den LTMA war ëmmer eng fortschrëttlech Schoul matt enger Direktioun a matt Léierpersonal, déi nei Weeër gaange sinn an et färdeg bruecht hunn, eis op ee Liewen als kriteschen a mündege Bierger vir ze bereeden. Vläicht war dat jo dem Här Paschtouer säi Problem. Besonnesch frou si mer haut iwwer d’Präsenz vun eisem Edukatiounsminister Claude Meisch, fréiere Schüler vum LTMA, deem seng éischt Missioun et jo eigentlech misst sinn, d’Schoul als solches ze förderen an net Schoulen ofzerappen. Et schéngt, wéi wann et deem alen, baufällegen LTMA-Gebei net besser sollt ergoen wéi der aler, baufälleger Déifferdénger Kierch. Dat neit Gebei ass sécherlech méi modern, méi schéin, méi grouss, technesch besser équipéiert, mee awer: Ass et grad esou heemlech? Ass d’Ambiance grad esou kollegial? Kréien d’Schüler déi selwecht Werter vermëttelt? Vally: An den 80er Joeren war ech Schülerin an dësem Lycée, an ouni lo wellen an d’Nostalgie ze faalen, ech kann dat nämlech guer net ausstoen, muss ech zouginn, datt et e ganz besonneschen Lycée, mat aussergewéinleche Proffe war. Ech wees net, ob ech deemols vill fir d’Schoul geléiert hunn, awer fir d’Liewen ganz secher! An ausser den grengen an den rouden franzéischen Verben, den Kachkënschten vun enger Misses Harrison, den chronologeschen Daten vun der franzéischer Revolutioun an den moraliséierenden Geschichten mam Herr Keuner, huet een Meschen kenne geléiert, déi sech fir a mat hiere
  3. 3. Schüler engagéiert hunn, fir eng besser Bildung, fir eng besser Welt.... Et sinn alternativ Léiermethoden ugewand ginn, et ass manifestéiert a gestreikt ginn, Aktiounen vun engem Schülerkomitée an engem Groupe d’actions waren politesch, fortschrëttlech an humanistesch. Et ass zesumme discutéiert, gestridden, protestéiert, awer och gefeiert ginn! Et war deemols eng Schoul, wou een effektiv net fir d’Schoul mee fir d’Liewen geléiert ginn. Den LTMA huet gerockt a geschockt! Hubert: Interessant ass et jo mol ze héieren, dass d’Péitenger Gemeng wëlles huet, den Terrain weiderhin fir edukativ Zwecker ze notzen. Hei soll eventuell eng nei Muséksschoul gebaut ginn, woumatt eng vun den LTMA-Traditiounen bäibehale giff, nämlech d’Förderung vu kulturellen Aktivitéiten. Ween erënnert sech net un déi legendär Schoulfester, bei denen eemoleg Muséker, déi aus dem LTMA eraus hir Carrière ugefaangen hunn, landbekannt goufen an och zum Deel haut nach um musékalesche Plang net ewechzedenke sinn. Vally an domadder gin ech d’Wuert wieder un den Edukatiounsminiser Claude Meisch.

×